Navigation


Secteur public

Chargés de cours – nei Informatiounen - Rectificatif

Mir hoffen datt jiddereen onsen Info vum 6. Juli 2010, mat 18 aktuelle Froen an Äntwerten, an allen Informatiounen, déi do dra stinn, ganz am Détail gelies huet.

Hei nach eng aktuell zousätzlech Informatioun (Stand, 8. Juli 2010)

Chargé de cours, déi keng Attestatioun hu fir ersetzen ze goen

An onsem Info steet : D’Chargéën aus der Réserve, déi keng Attestatioun hu fir ersetzen ze goen, mussen op jidder Fall de 15. Juli 2010 um 14.30 Auer an de Forum Geesseknäppchen goe, fir hier Affektatioun ze kréien an z‘ënnerschreiwen.“ – Dat huet elo awer geännert an deem Sënn, datt all Chargé, deen op Grond vu senger Demande vum MEN eng (Ré)Affektatioun kritt, net brauch an de Forum ze kommen. Dat stëmmt och fir déi Chargéën, déi keng Attestatioun hu fir ersetzen ze goen. Also, de 15. Juli um Site vum MEN nokucken: Jiddereen, deen do drop steet, well en eng (Ré)Affektatioun kritt huet, brauch net an de Forum ze kommen. Jiddereen, deen do net drop steet, muss an de Forum, an zwar zu der Zäit, fir déi seng Kategorie geruff ass (cf. am Info, de Punkt 10. Op wéi engem Datum muss ech an de Forum Geesseknäppchen goen?)

 

Haut de page

email Suggérer