Info Chargés - Juli 2010: 18 aktuell Froen an Äntwerten
No verschiddene Réuniounen mat de Responsabelen vum Educatiounsministère (MEN) wëlle mir Iech gären déi neisten Informatiounen matdeelen.
Erënnere mer drun, datt all d’Chargéën sech fir d’Lëscht 2bis melle mussen, déi den 9. Juli 2010 um Internet-Site vum MEN publizéiert gëtt.
Déi 2. Lëscht, déi elo schons um Internet-Site vum MEN steet, ass fir dat diploméiert Léierpersonal reservéiert, dat sech am Concours vun dësem Joer „en rang utile“ klasséiert huet. Si mussen hir Demande bis de 6. Juli 2010 ëm 17.00 Auer am Ministère eraginn.
Nodeems si affektéiert gi sinn, kënnt den 9. Juli 2010 eng ajustéiert Lëscht, d’Lëscht 2bis, op den Internet-Site vum MEN.
Op déi Lëscht hin muss all Chargé de cours eng Demande un de Ministère maachen, an zwar op dem virgeschriwwene Formulaire, an dat bis spéitestens Méindes, den 12. Juli 2010 ëm 17.00 Auer.
Dobäi stelle sech eng ganz Rei Froen, déi mir hei beäntwerten:
1. Muss all Chargé eng Demande maachen?
2. Wéini gëtt e Chargé gewuer, wat fir eng Posten op de Gemengen, a och soss, nach fräi sinn?
3. Wéi ee Formulaire muss een als Chargé fir seng Demande benotzen?
4. Wéini muss meng Demande ukommen?
5. Wat muss ech op der Demande vun engem CDI ausfëllen?
6. D’Poste sinn awer net mat der Stonnenzuel ausgesschriwwen esou , wéi et a mengem Kontrakt steet – kann ech mech awer méllen?
7. Wien kritt säi Poste vum leschte Joer op der Gemeng erëm – wa kee Brevetéierten sech gemellt huet?
8. Ech wëll awer nëmmen dee bestëmmte Posten – wat soll ech maachen?
9. Wéini a wéi kréien ech Bescheed, datt ech op menger Gemeng bleiwe kann?
10. Op wéi engem Datum muss ech an de Forum Geesseknäpchen goen?
11. Wéi eng Dokumenter muss ee mat an de Forum huelen?
12. Wien duerf (prioritär) op senger Gemeng bleiwen?
13. Kënnen d’Chargéën, déi mat engen CDI bei hirer Gemeng bliwwe sinn, elo nach bei de Staat wiesselen?
14. Wéini wiele mir eise Posten an der Gemeng?
15. Geet d’Formatioun fir an d’Réserve opgeholl ze ginn, virun an wien duerf drun deelhuelen?
16. U wie soll ech mech adresséieren wann et Problemer gëtt?
17. Wat maachen Chargéën, déi d’nächst Joer a Pensioun ginn?
18. Wéi ass d’Prozedur fir sozio-edukativt Personal am Enseignement?
1. Muss all Chargé eng Demande maachen?
Et ass just nach de Ministère, den d‘Chargéën un d‘Gemeng affektéiert. Dofir muss all Chargé de cours eng Demande fir ee Posten op der Lëscht 2bis maachen. All, ausser deenen, déi nach bei enger Gmeng ugestallt sinn; dat sinn déi Chargéën, déi ee CDI mat enger Gemeng hunn, an trotzdem bis elo nët an d’Réserve bei de Staat gewiesselt sinn. Dës mussen sech un hiere Patron, d’Gemeng, adresséiren, fir gewuer zë ginn, wou si d’nächst Joer schaffe sollen. All Chargé de cours mat engem CDI beim Staat (Réserve), grad esou wéi all Chargé mat engem CDD, muss eng Demande um richtige Formulaire maachen.
2. Wéini gëtt e Chargé gewuer, wat fir eng Posten op de Gemengen, a och soss, nach fräi sinn?
Den 9. Juli, nodeems déi Brevetéiert op der Lëscht 2 gewielt hunn an affektéiert gi sinn, publizéiert de MEN op sengem Internet-Site http://www.men.lu/ eng Lëscht 2bis.
Op déi ajustéiert Lëscht 2bis muss all Chargé eng Demande fir eng Affektatioun op ee Poste maachen.
3. Wéi ee Formulaire muss een als Chargé fir seng Demande benotzen?
Je nodeems, wéi meng Situatioun ass, muss ech en anere Formulaire benotzen, an zwar:
- All Member vun der Réserve (CDI) muss eng «demande de (ré)affectation à un poste dans le cadre de la 2e liste des postes d’institueur vacants pour les membres de la réserve de suppléants» ausfëllen. Déi krut all Member vun der Réserve am Juni 2010 vum MEN mat der Post heemgeschéckt.
- Jidder Chargé, mat engem CDD, deen dëst Joer d’Formatioun vun 120 Stonnen fir an d’Réserve ze kommen gepackt huet, krut och vum MEN déiselwecht Demande wéi ee Member vun der Réserve heemgeschéckt, a muss déi ausfëllen.
- Jidder Chargé mat engem CDD, deen am Gaang ass déi 120 Stonne Formatioun an 2 Joer ze maachen, muss ab dem de 7. Juli 2010 eng Demande fir Chargé mat CDD vum Site http://www.men.lu/ roflueden, ausfëllen, an am Ministère areechen.
- Jidder aner Chargé mat engem CDD, deen eng Attestatioun huet, fir ersetzen ze goen, muss d‘Demande fir een néien CDD ze kréien, ab dem 7. Juli vum Site http://www.men.lu/ roflueden, ausfëllen, an am Ministère areechen.
4. Wéini muss meng Demande ukommen?
Opgepasst: All Demande muss de MEN bis den 12. Juli 2010 um 17.00 hunn. Demanden, déi méi spéit rakommen, ginn net méi ugeholl!
Déi offiziell Adress ass: Ministère de l’Education nationale et de la Formation professionnelle, Service de l’Enseignement fondamental, Bureau 311, 29, rue Aldringen, L-2926 Luxembourg.
Jidderee muss selwer derfir suergen, datt d’Demande zurzäit do ass. Wann ee se mat der Post schéckt, muss dat zurzäit geschéien, fir datt se spéitstens méindes ukënnt. Ët kann ee se och laanschtdroen. Dofir ass de Ministère extra samsdesmoies den 10. Juli 2010 vun 9.00-12.00 Auer op.
Et ass ëmmer gutt,fir eng Fotocopie vun senger Demande ze halen.
5. Wat muss ech op der Demande vun engem CDI ausfëllen?
Een, den schons an der Réserve ass oder dëst d’Joer d’Formatioun fir an d’Reserve gepackt huet, muss den Formulaire «demande de (ré)affectation à un poste dans le cadre de la 2e liste des postes d’institueur vacants pour les membres de la réserve de suppléants» ausfëllen.
Fir d’éischt seet een, ob een op senger Gemeng bleiwe wëll, oder net:
- Wann een a senger Gemeng bleiwen wëll, awer nëmmen deen Typ vu Posten (z.B. Turnen, Moral, surnuméraire, asw.), deen een 2009/2010 hat, wëll unhuelen, da kräizt een déi éischt Case un.
- Wann een an der selwechter Gemeng wëll bléiwen wéi 2009/2010, egal wat fir en Typ vu Posten datt ee kritt, da kräizt een déi zweet Case un.
Wann et also engem säi gréisste Wonsch ass, fir an der Gemeng ze bleiwen, egal wat fir ee Posten e kritt, da kräizt een déi éischt an di zweet Case un!!!
- Wann een net wëll oder net kann a senger Gemeng bleiwen, da kräizt een déi drëtt Case un. An deem Fall muss ee sécher an de Forum goen, wou een senger Prioritéit no op der Lëscht vun de fräie Posten een Typ vu Poste eraussicht.
Wien also op senger Gemeng bleiwe wëll, kräitzt déi éischt Case, oder déi zweet Case oder déi éischt an di zweet Case un. Wien d’Gemeng wiessele wëll oder muss (well net genug Posten do sinn), kann nëmmen déi drëtt Case ukräizen. Allen 3 Casen ukräizen geet net!
Bei der Stonnenzuel soen ech, ob ech déi selwecht Stonnenzuel ewei 2009/2010 schaffe wëll, oder méi, oder manner.
- Wann een déi selwecht Stonnenzuel ewéi 2009/2010 schaffen wëll, kräizt een dat un.
- Wann een eventuell bereet ass, méi Stonnen d’Woch ze schaffen, kräizt een déi zweet Case un. Hei kann een, wann een dat wëllt, och derbäi schreiwen, wéivill Stonnen dass ee bereet ass méi ze schaffen.
- Wann ee manner Stonnen wellt kréien, da kräizt een dei drëtt Case un. Och do kann ee, wann ee wëll, d’Stonnenzuel och derbäi schreiwen.
Bei dem Posten vun dësem Joer (2009/2010):
- Wann de Posten, deen een dëst Joer hat, do präziséiert ass, da kraïzt een deen un. Huet een awer ee Posten, dee net do steet (wéi Surnuméraire + Bibliothéik oder Surnuméraire + Moral, appui, asw.), präziséiert een de Posten bei dem betreffenden Cycle („à préciser“ ausfëllen).
6. D’Poste sinn awer net mat der Stonnenzuel ausgesschriwwen esou , wéi et a mengem Kontrakt steet – kann ech mech awer méllen?
Am Prinzip ginn d‘Stonnen sou verdeelt, wéi dat aus dem Basiskontrakt, respektiv an der Demande ervirgeet. Well dat awer net ëmmer geet, gëtt et puer Méiglechkeeten:
- Tëscht der Lëscht 2 an der Lëscht 2bis kënnen d’Inspekteren an d’Gemengen d’Stonnenzuel vun de Posten upassen, fir eng besser Ofstëmmung tëscht de reelle Kontrakter an der Stonnenzuel vun deenen eenzelnen Posten ze kréien. Duerch sou eng Ëmverdeelung tëscht der zweeter Lëscht an der Lëscht 2bis kënne beispillsweis aus 3 Posten vun 23, 12 an 12 Stonnen, 3 Posten vun 12, 17 an 24 Stonnen gemaach ginn. Leider ass dat awer och net ëmmer méiglech. Mee do wou et méiglech ass, fir d’Posten un d’Konrakter unzepassen, kann sou eng Ëmverdeelung (duerch d’Gemeng an den Inspekter) gemaach ginn. Dëst ass vrun allem nëtzlech fir d’Poste vun deene Chargéën, déi d’nächst Joer an der selwechter Gemeng bleiwe wëlle, wéi d’lescht Joer. Weider Renseignementer dozou kréien d’Inspekteren an d‘Gemengen um Ministère.
- Een deen am Forum wielt,kann dobäi net ëmmer déi Stonnenzuel kréien, déi hien dëst Joer hat. Mee och noodeems d’Chargéën de 15., den 19. an den 20. Juli 2010 un eng Gemeng affektéiert gi sinn, besteet d’Méiglechkeet d’Posten duerch Ëmverdeelung vun der Stonnenzuel de Kontrakter unzepassen. Dat kann nëmmen duerch d’Gemeng zësumme mam Inspekter gemaach ginn, natiirlech ëmmer mam Respekt vum „Contingent“, d.h. vun der Gesamtstonnenzuel, déi der Gemeng zur Verfügung steet.
- Well et awer net ëmmer méiglech ass, d’Stonnenzuel vun all Posten un d’Kontrakter unzepassen, besteet natierlech och d’Méiglechkeet, de Kontrakt, duerch en Avenant, un d’Stonnenzuel vum Posten unzepassen.
- E Poste mat enger bestëmmten Stonnenzuel, déi net méi ugepasst ka ginn, kann een nëmmen unhuelen, wann een och déi Stonnenzuel akzeptéiert. Ob een duerno nach aner Stonne bäikréien oder eweg geholl kréie kann, ass net sécher.
- Wann een onbedengt seng Stonnenzuel (vum Basiskontrakt) hale wëll an net mat engem Avenant d’accord ass, och wann keen sou e Poste méi do ass, da muss een domadder rechnen fir eng Affektatioun un e Regionalbureau ze kréien, vu wou aus een als „remplaçant permanent“ oder souguer fir administrativ Aarbechten agesat gëtt.
7. Wien kritt säi Poste vum leschte Joer op der Gemeng erëm – wa kee Brevetéierten sech gemellt huet?
Wichteg ass ze wëssen, datt de MEN d’Chargéën just un d’Gemeng oder un een Typ vu Poste bei enger Gemeng affektéiert, an et duerno d’Gemeng awer ass, déi selwer d’Personal un déi eenzel Posten affektéiert.
De MEN kann een also just op seng Gemeng oder op een Typ vu Posten bei senger Gemeng affektéieren, mee net un ee präzise Posten. Dat heescht, datt een, och wann ee seng Gemeng oder säin Typ vu Posten rëmkritt, net onbedéngt genee dee selwechte Posten zréck kritt (D’Formuléierungen an dem Circulaire an an den Instruktiounen vum MEN sinn do net ëmmer kloer; «au même poste spécifique» oder «à ce poste» kann ëmmer nëmmen «à ce type de poste» bedeiten).
D’Verdeelung vun de Posten op der Gemeng geschitt entweder no hirem Permutatiounsrèglement (wa s‘eent huet), oder awer einfach sou wéi si dat fir richteg hält (Dat ass eng vun deene Saachen, déi mir onbedéngt ännere wëlle, fir datt dat op all Gemeng gerecht geschitt).
8. Ech wëll awer nëmmen dee bestëmmte Posten – wat soll ech maachen?
Et soll een da bei der Gemeng nofroen, ob een – am Fall vun enger Réaffektatioun vum MEN un dee Typ vu Poste bei der Gemeng – och wierklech un dee bestëmmte Posten affektéiert gett.
9. Wéini a wéi kréien ech Bescheed, datt ech op menger Gemeng bleiwe kann?
- Nëmmen Chargéën mat engem CDI an der Réserve, déi eng Attestatioun hunn fir ersetzen ze goen, kënnen direkt vum MEN op hier Gemeng réaffektéiert ginn. Hir Nimm kommen de 15. Juli 2010 op den Internet-Site vum MEN http://www.men.lu/; do gesäit ee, wie vum MEN op wéi eng Gemeng, respektiv op wéi een Typ vu Posten zréck affektéiert gouf. Jiddereen, deen sou affektéiert gouf, brauch nët an de Forum um Geesseknäppchen ze kommen.
Well d‘Delaien ze kuerz ginn, kann de MEN d’Chargéën net méi – esou wei et am Courrier vum MEN vum 16. Juni 2010 steet – per Post a per Mail informéieren. Also onbedéngt de 15. Juli um Internet-Site vum MEN nokucken. Mir hunn drop gehal, datt déi Lëscht och op den Internet kënnt, fir datt all Chargé sou schnell wéi méiglech Bescheed weess, ob en a senger Gemeng bleiwe kann, oder op en an de Forum um Gesseknäppchen komme muss.
- D’Chargéën aus der Réserve, déi keng Attestatioun hu fir ersetzen ze goen, mussen op jidder Fall de 15. Juli 2010 um 14.30 Auer an de Forum Geesseknäppchen goe, fir hier Affektatioun ze kréien an z‘ënnerschreiwen. D‘Carte d‘identité an/oder Prokuratioun nët vergiessen!
- All Chargéën, déi net op hierer Gemeng bléiwe wëllen oder kënnen, mussens am Grupp vun hierer Prioritéit, sou wéi se am Gesetz steet, an de Forum Geessekäppchen wiele goen. Do gi si direkt gewuer, a wat fir eng Gemeng si d’nächst Joer affektéiert sinn.
- D’Chargéën mat engem CDD, kréie viraussichtlech bis Enn Juli vum MEN gesot, ob a wéi eng Affektatioun si kritt hunn.
- D’Chargéën, déi een onbefristeten Vertrag (CDI) mat enger Gemeng hunn, an net bei de Stat gewiesselt sinn, ginn vun der Gemeng informéiert, wat fir e Posten si d’nächst Joer kréien.
10. Op wéi engem Datum muss ech an de Forum Geesseknäpchen goen?
Donneschdes, de 15. Juli um 14.30 Auer:
Chargéën mat CDI an der Réserve, déi keng Attestatioun hu fir ersetzen ze goen;
Donneschdes, de 15. Juli um 16.00 Auer:
Diploméiert Léierpersonal, dat sech net „en rang utile“ am Concours klasséiert huet;
Diploméiert Léierpersonal, dat de Concours net bestan huet, awer de Sproochentest ;
Meindes, de 19. Juli um 9.00 Auer:
Chargéën, déi 1993 de Certificat de Qualificatioun gemeet hunn ;
Chargéën, déi 2002-2008 d’Formatioun fir an d’Réserve gemeet hunn.
Dënschdes, de 20. Juli um 14.30 Auer:
Chargéen mat engem CDI, déi dëst Joer 2009/2010 d’Formatioun gepackt hunn;
Chargéën ,déi dëst Joer e CDD haten, an d’Formatioun gepackt hu, fir an d’Réserve;
Chargéën mat engem CDI, déi d’lescht Joer oder dëst Joer vum Staat iwwerholl gi sinn.
11. Wéi eng Dokumenter muss ee mat an de Forum huelen?
Et muss een obligatorisch seng Carte d’idendité derbäi hu, fir sech auszeweisen.
Wann ee verhënnert ass, fir an de Forum ze goen, muss een de Formulaire „Procuratioun“ vum Internet-Site vum MEN roflueden, ausfëllen, an enger Vertrauenspersoun an de Forum matginn. Dës Persoun, déi fir Iech eng Gemeng an e Type vu Poste wielt, muss hir eege Carte d’identité derbäi hunn.
12. Wien duerf (prioritär) op senger Gemeng bleiwen?
Wa méi Chargéën op enger Gemeng wëlle bleiwe, wéi Posten do sinn, ginn d'Prioritéiten, esou wéi së am Gesetz stinn, ganz genee agehal. Dat heescht: Wann net genuch Posten an enger Gemeng do sinn, dann gët der gesetzlecher Prioritéit no affektéiert, an zwar
1. Brevetéiert mat Concours, déi sech en rang utile kllasséiert hunn;
2. Brevetéiert mat Concours, déi sech net en rang utile klasséiert hunn;
3. Brevetéiert ouni Concours awer mat Sproochentest, dee bestanen gouf;
4. D'Chargéën aus der Réserve, an zwar de Joeren no, ewei si d'Formatioun gemeet hun;
5. D'Chargéën ,déi 2009 vun der Gemeng iwwerholl gi sinn, an dëst Joer d'Formatioun gepackt hunn;
6. D'Chargéën, déi 2009/2010 e CDD haten ,an d'Formatioun gepackt hunn;
7. D'Chargéën, déi 2009 vun der Gemeng iwwerholl gi sinn, a net d’Formatioun vun der Réserve gemeet hunn.
An all Kategorie ass et dann d‘ Anciennetéit an der Réserve an dann den Alter deen endscheed. Dat bedéit, datt wann een elo 1 Dag mei al ass wéi deen annere Chargé, d‘Virrecht hätt, well een deen Äelste ass – och dann, wann ee vläicht manner laang Schoul hält. Da ass iwwregens eng vun deenen Ongerechtegkeeten déi am Gesetz stinn, an déi mir (am Hierscht) onbedéngt ännere wëllen!
Wa beispillsweis an enger Gemeng 5 Posten fräi sinn, an et sinn awer 6 Chargéën an der Gemeng, dann ass net dee Chargé d'office op dem Posten, deen de Posten 2009/2010 hat, mee et gëtt no de Prioritéite gekuckt, an dee leschten am Klassement muss d’Gemeng wiesselen.
E Chargé dee sech nëmmen op e bestëmmten Typ vu Posten ( z.B. Morale) gemellt huet, muss sech an de Forum en anere Posten eraussiche goe, wa kee sou e Posten méi do ass.
Huet e Chargé uginn, wëllen ob der Gemeng ze bleiwen, egal fir wéi e Posten, muss hien nëmmen an de Forum en anere Poste wielen goën, wann iwwerhaapt kee Poste méi fir hien op der Gemeng fräi ass (wéi gesot, de Prioritéite no).
Wann een d'Gemeng wiesselen wëll, kann een nëmmem déi drëtt Méigelechkeet ukräizen.
An nach eng Kéier: De MEN affektéiert d’Léierpersonal (och d’Chargéë) just un eng Gemeng; Wat fir ee geneeë Posten een an där Gemeng kritt, décidéiert d'Gemeng selwer.
13. Kënnen d’Chargéën, déi mat engen CDI bei hirer Gemeng bliwwe sinn, elo nach bei de Staat wiesselen?
D’Chargéë mat engem CDI an enger Gemeng, déi wiessele wëllen, musse sou schnell wéi méiglech (Ganz drengend!) eng schrëftlech Demande (e Bréif) un de MEN schécken, fir vum Staat an d’Réserve iwwerholl zë ginn.
14. Wéini wiele mir eise Posten an der Gemeng?
Soubal ee vum Ministère un eng Gemeng affektéiert ginn ass, muss ee bei dëser Gemeng nofroen, wéini dass d‘Posten op der Gemeng verdeelt ginn. Vereenzelt Gemengen hunn e Permutatiounsrèglement, déi no bestëmmte Kriterien d’Chargéën op e Poste setzen. Aner Gemengen maachen do wéi se wëllen, well et keng virgeschriwwe Prozedur gëtt.
15. Geet d’Formatioun fir an d’Réserve opgeholl ze ginn, virun an wien duerf drun deelhuelen?
Och d’nächst Joer kéint d’Formatioun vun 120 Stonnen, fir an d’Réserve des suppléants opgeholl ze gi, virungefouert ginn (Mee et ass nach näischt décidéiert). Deelhuelen dierft:
1. All CDI, dee schons an der Réserve ass, an déi Formatioun maache wëll;
2. D’Chargéën, déi schon d’Formatioun vun 2002-2008 fir d’Spillschoul oder de Primaire gemeet hun, kënnen deen Deel dee fehlt nomaachen, fir polyvalent (Cycle 1-Cycle 4) ze ginn. Dobäi kréien si eng Dispense fir dat wat si scho bestan hunn.
3. CDDen, déi dat éischt Joer gepackt hunn, kënne mam zweete Joer weiderfueren, mussen dofir awer eng Affektatioun un ee Poste kréien.
Fir d’Chargéën mat engem CDD, déi d’Formatioun nach net ugefaang hunn, ass et net kloer, ob si nach fir d‘Formatioun zougelooss ginn … Mir wäerten ons awer dofir asetzen.
16. U wie soll ech mech adresséieren wann et Problemer gëtt?
Fir keng Zäit ze verléieren, soll ee sech direkt un déi betreffend Verwaltung adresséieren, de MEN, den Inspecteur, d’Gemeng oder d’APE, fir Onkloerheeten esou séier wéi méigelech ze behiewen:
- D’Chargéën, déi net un eng Gemeng affektéiert gi sinn, musse sech um MEN mellen, an zwar beim Här Robi Brachmond, Telefon 2478-5931 oder beim Här Guy Strauss, Telefon 2478-5118;
- Bei Problemer mat der Posteverdeelung a senger Gemeng muss ee sech un de Responsabele vun der Gemeng wenden;
- Bei Problemer mat der Stonnenzuel vum Posten ass d’Gemeng an/oder den Inspekter zoustänneg;
- Fir een Avenant matt der neier Stonnenzuel zë kréien, muss den Inspekter dem MEN déi richteg Stonnenzuel matdeelen;
- Wann duerno nach Problemer mat der Pai bestinn, adresséiert ee sech un de MEN, d’Madame Viviane Rein, Telefon 2478-5131.
Ass de Problem dann nach net geléist, kann een dem Landesverband uruffen ënnert de Nummeren 487044-26, -27 oder -1. Dir kënnt eis och eng Mail u schoul@landesverband.lu schreiwen, wou Dir äre Problem erklärt, an och är Telefonsnummer ugitt.
17. Wat maachen Chargéën, déi d’nächst Joer a Pensioun ginn?
E Chargé, deen am Laf vum nächste Schouljoer a Pensioun geet, ka sech elo nach un e bestëmmte Posten affektéire loossen, oder awer als „Remplaçant permanent“ un e Bureau régional. Wie bannent deenen éischte Méint vum Schouljoer a Pensioun geet, soll dat an beschten an engem Bréif, bei senger Demande d’affecatioun kloer stellen, an seng Affektatioun bis zur Pensioun, mam MEN, dem Här Robi Brachmond, Telefon 2478-5931 oder dem Här Guy Strauss, Telefon 2478-5118, beschwätzen.
18. Wéi ass d’Prozedur fir sozio-edukativt Personal am Enseignement?
Fir d’ Sozio-edukativt Personal, dat e Kontrakt als Privatbeamten oder employé communal bei enger Gemeng huet (awer kee Chargés-Vertrag), kënnt demnächst ee spezielle Circulaire raus. Wien dozou Froen huet, soll roueg beim Landesverband uruffen ënnert de Nummeren 487044-26, -27 oder -1 oder ons eng Mail u schoul@landesverband.lu schreiwen, wou ee seng Fro erklärt, an och seng Telefonsnummer ugëtt.
D‘sozio-edukativt Personal, dat de Statut vum „fonctionnaire communal“ huet, siew ët als als éducateur gradué, éducateur diplômé, oder soss eng Carrière, wäert sou laang net vum Staat iwwerholl ginn, wéi d’Gesetz nët gëannert ass. An dat ass am Laf vum nächste Schouljoer virgesinn.
Mir wënschen Iech all Guddes an eng schéi Vakanz.





Vorschlagen