Navigation


Sektor Öffentlicher Dienst

Info-Enseignement: Tëschebilan vun der Schoulreform

D’Reform vun der Primär an der Spillschoul, der neier Grondschoul, déi d’lescht Joer décidéiert a vun dësem Schouljoer un an d’Wee geleet ginn ass, soll positiv Verännerunge fir d’Schoul an d’schoulesch Erzéiung vun de Kanner mat sech bréngen. Mä d’Mëttelen an d’Methode sinn deenen Ziler an neie Bedierfnisser nach laang net ugepasst. Dorënner leit de Moment besonnesch d’Schoulpersonal. D’Konzept vun enger Schoul vun der Inclusioun, kompetenzorientéiert Léieren, déi nei Bewertungsmethod an d’Schaffen am Team verlaangen net nëmmen ee neit Denken, nei pädagogesch Mëttelen a Methoden, mä och grouss organisatoresch an administrativ Verännerungen. An dobäi ass Muenches an der Praxis nach vill ze vill onkloer.

An deem Zesummenhang wëlle mir e puer Punkten eraussträichen, déi d’Schoulpersonal am Moment besonnesch belaaschten oder wou dréngend Klärung noutwenneg ass. Dës betrëfft d’Concertatioun, d’Elteregespréicher, den Appui pédagogique, den Ersatz an de Schoulpräsident.

1) D’Concertatioun an der ‘Equipe pédagogique’

Mir stelle fest, datt vill Enseignanten en, egal op diploméiert Lehrer/in oder Chargé(e) de Coursen, déi noutwenneg Concertatiounen als zevill opwenneg erliewen a si fille sech vrun allem duerch dee groussen administrativen Opwand gestresst an oft och demotivéiert. Et mécht kee Sënn, all Woch zu enger bestëmmter Zäit eng Reunioun nëmmen ofzehalen, well dat esou iergendwou geschriwwe steet, oder fir mussen op eng bestëmmte Stonnenzuel vu Concertatiounen ze kommen.

Dobäi kann d’Léisung vu ville Problemer net waarde bis eng Reunioun stattfënnt, mee muss direkt ugepaakt ginn! Virun der Schoulreform ass dat meeschtens direkt an der Paus, virun de Schoulstonnen oder duerno geschitt. Dat ass elo net anescht; an dat ass gutt esou, well och elo ka villes net waarde bis déi festgeluechten Concertatiounsstonn.

De Landesverband huet der Erzéiungsministesch schonns am Oktober virgeschloe fir d’Concertatioun an der ‘Equipe pédagogique’ méi labber ze gesinn, fir méi Flexibilitéit z’erlaben, net alles bis op déi festgeluechten Sëtzung ze vertesselen an dobäi net och nach duerch onnéidegen Opwand an onnéideg administrativ Kontrollen ze belaaschten. Wann d’Concertatioun tëschenduerch klappt, geet et och duer , wann d’ganz Équipe sech all 2-3 Wochen offiziell zesummesetzt, fir de Point ze maachen.

Ausserdem hu mir drop gehal, datt Onkloerheeten iwwert dat wat an deene Concertatioune soll diskutéiert ginn, solle gekläert ginn. Déi Onkloerheete goufen net zulescht duerch kontradiktoresch Aussoe vu verschiddenen Inspekteren nach gefördert. Mir hu proposéiert vun uewe rof méi kloer ze definéieren, wat den Inhalt vun de Concertatiounen an deenen noutwennege Sëtzunge soll sinn. An et muss sécher gestallt ginn, datt an all Inspektiounsressort déi selwecht Bestëmmunge gëllen.

Weider hu mir festgestallt, datt eenzel Inspekteren de Chargé(e) de Coursen, déi a méi Klassen oder Zyklen intervenéieren, noleeën, wéinst dem finanziellen Opwand, deen dat mat sech brénge géif, net un de Concertatiounen deelzehuelen. Och an dësem Punkt hu mir vum Ministère Kloerheet verlaangt, fir datt dat am Ganze Land d’selwecht oflafe kann. Dëst Uleies hu mir och dem Inspektorat zougedroen.

Mir duerfen och net vergiessen, datt an der Tâche vum diploméierte Personal 60 Stonne Concertatioun mat dra sinn, während an der Tâche vun de Chargé(e) de Coursen keng eenzeg Stonn Concertatioun virgesinn ass. Well d’Charge(e) de Coursen awer solle gläichberechtegt un der Concertatioun deelhuelen, kréie si déi extra bezuelt – awer héchstens 1 Stonn d’Woch (fir zwou Stonnen, déi si gemaach hunn). Fir seng Concertatioun bezuelt ze kréien, mussen d’Chargé(e) de Cours se um Enn vum Trimester beim Inspekter deklaréieren. E/eng Chargé(e) de Cours, deen/déi u méi wéi zwou Stonne Concertatioun d’Woch deelhëlt, z.B. well hien/si a méi Zyklen intervenéiert, kritt der awer héchstens 2 ugerechent (also 1 Stonn bezuelt). Dofir soll e/eng Chargé(e) de Cours, deen/déi a méi Zyklen intervenéiert a net méi well schaffen, wéi e bezuelt kritt, do deelhuelen, wou et grad noutwenneg ass.

Dofir si mir och frou, datt d’Ministesch an enger Note vum 16. November 2009 un all Inspekter verschidde Punkten a Bezuch op d’Concertatioun präziséiert. Do heescht et ënnert anerem zum Fonctionnement vun den ‘Equipes pédagogiques’ an der Concertatioun:

“L’équipe pédagogique d’un cycle comprend tout le personne enseignant et éducatif de ce cycle: les instituteurs, les éducateurs gradués et les éducateurs diplômés, les chargés de cours ainsi que les enseignants et les chargés de cours de religion. Les enseignants et les éducateurs qui interviennent dans plusieurs cycles s’arrangent pour assister alternativement aux réunions des différents cycles où ils interviennent. Dans ce cadre il suffit que chaque agent assiste à une unique réunion hebdomadaire de concertation, à moins qu’il n’assume d’autres fonctions qui l’obligent de participer en plus à d’autres groupes. Occasionnellement l’équipe pédagogique peut se scinder en sous-groupes pour aborder un sujet particulier, la mise en commun se faisant lors d’une prochaine réunion plénière. Un formalisme exagéré en relation avec les l’organisation des réunions des équipes pédagogiques est à éviter. In ne convient pas d’appliquer à priori un modèle d’organisation. En effet une certaine flexibilité doit être consentie aux équipes, flexibilité qui peut s’avérer rassurante et stimulante et avoir des répercussions favorables sur le climat de travail.” Déi integral Note fannt dir bei ons um Site Landesverband.lu > Sekteur Öffentlicher Dienst > Berufssektionen > Lehrbeauftragte.

Mir hoffen, datt déi vun ons gefuerdert a vun der Ministesch zougestane Flexibilitéit elo net rëm duerch onnéidegen administrativen Opwand ënnerbonne gëtt. Och wann et net ausdrécklech do steet, kéinte mir ons verstellen, datt eng ‘Equipe pédagogique’ sech och nëmmen all zwou Wochen fir eng offzieller Sitzung gesäit, a sech an der Tëschenzäit mat der néideger Flexibilitéit op eng aner Manéier konzertéiert, fir dat wat direkt uläit. D’Resultat vun de Concertatiounen, déi deemno op allerlee Aart a Weisen tëschenduerch gemaach géingen, kéinte jo dann op der nächster Réunioun resüméiert ginn. Mol kucken ...

2) Elteregespréicher

Nom neie Schoulgesetz soll jo och all Intervenant, ob Chargé(e) de Cours oder diploméiert Lehrer/in, un Elteregespréicher deelhuelen. Allerdéngs ass dat an der Praxis net ëmmer sou einfach, well vill Intervenanten an e puer Cyclen a Klasse schaffen.

Och dozou muss ee kloer stellen, datt all diploméiert Lehrer/in senger Tâche no 40 Stonnen am Joer fir d’Elteren disponibel muss sinn, an datt déi Disponibilitéit och ongläich iwwert d’Joer an Trimestere verdeelt ka ginn. Dat heescht net, datt den Enseignant 40 Stonnen am Joer mat den Elteren zesumme sëtze muss; hie muss, nieft deene Stonne wou hien effektiv Elteregespréicher hält, fir de Rescht vun de Stonnen einfach fir d’Elteren zur Verfügung stoen.

D’Chargé(e) de Coursen par contre hunn eng hallef Stonn Elteregespréicher d’Woch a hirer Tâche mat dran. Méi kréie si net bezuelt – souguer dann net, wa si et extra ufroen oder deklaréiere géingen. Dofir schloe mir vir, datt d’Chargee(e) de Coursen nëmmen un deenen Elteregespréicher deelhuele mussen, wou d’Elteren dat ausdrécklech froen. Dat soll am beschte mat engem Formulaire geschéien, wou d’Eltere matdeele kënnen, mat wat fir Intervenante si schwätze wëllen.

3) ‘Appui pédagogique’

Vill Enseignantë si veronséchert, wat den Oflaf vum ‘Appui pédagogique’ ugeet dee mat dëser Schoulreform agefouert ginn ass. Dozou muss ee wëssen, datt all diploméiert/e Lehrer/in 54 Stonnen d’Joer ‘Appui pédagogique’ a senger Tâche mat dran huet an och hale muss. D’ Chargé(e) de Coursen, par contre, hu keng Stonn Appui an hirer Tâche mat dran. Dat heescht awer net, datt si keen Appui hale kennen oder duerfen.

Den “normalen” Appui gëtt vun der équipe pédagogique organiséiert. Wann e/eng Chargé(e) den Appui hale soll, muss dee vum Inspekter genehmegt ginn; deen Appui muss um Enn vum Trimester dann och nach beim Inspekter deklaréiert gi fir bezuelt kennen ze ginn.

Och a punkto Appui soll d’Schoulpersonal net mat onnëtzem administrativen Opwand demotivéiert ginn. Mir mengen, et soll een dem Schoulpersonal méi Vertrauen entgéint bréngen an se selwer décidéiere loossen, wéi den Appui oflafe soll. De Relevé, deen d’Personal elo vum MEN iwwert d’Inspekteren zougestallt krut huet, a wou den Appui just opgezielt muss ginn, geet deck duer, fir nozevollzéien, wat vun Appui geschitt. Et ass total iwwerflësseg a gesäit just no Kontroll aus, wann d’Personal nach zousätzlech Rapporten iwwert hir Aarbecht am Kader vum Appui schreiwe soll.

4) Ersatzpersonal

De Mangel un Ersatzpersonal ass ee grousse Problem. A villen Inspektiounsressorten gëtt vun den Enseignantë verlaangt, datt si hier krank Kollege selwer ersetze sollen. Sou gëtt d’Personal forcéiert Iwwerstonnen ze schaffen, gëtt ëmmer méi iwwerlaascht an d’Qualitéit vun der Schoul leid dorënner. Et mécht pädagogesch och kee Sënn, wa Klassen (vu kranken Titulairen) systematesch op aner Klassen opgedeelt musse ginn, well keen Ersatz do ass.

Et gëtt verschidden Ursaachen, firwat de Moment Ersatzpersonal feet: Vill Ersatzpersonal huet musse fest Stonnen iwwerhuelen; d’Formatioun fir neit Ersatzpersonal ass méi ëmfaassend ginn, wouduerch manner jonk Leit bäikommen; d’Ersatzkontrakter ginn no dräi Kontrakter onnéidegerweis ëmmer rëm fir een Drëttel vun der bis dohinner geschaffter Zäit ënnerbrach. De Landesverband wäert dem Ministère konkret Virschléi maachen, fir dat ze änneren.

5) D’Schoulpräsidenten

Mir stelle fest, datt net ëmmer kloer ass, wie fir wat zoustänneg ass: d’Gemeng, de President vum Comité d’école, den Inspekter, de Comité de Cogestion, ... D’Presidente vun de Schoulen iwwerhuelen dacks Aufgaben, déi iwwert hier Zoustännegkeet ewechginn an hier Aufgabe ginn dacks mat deene vum Inspekter vermëscht.

De Landesverband schléit vir, datt landeswäit all President fir déi selwecht Aufgabe soll zoustänneg sinn a keng Charge iwwerhuelen duerf, déi eigentlech an d’Kompetenz vum Inspekter fält.


Vill Enseignantë stinn ënner Stress an hunn Angscht, net alles ze packen, wat vun hinnen erwaart gëtt. Si fäerten dat neit Schoulgesetz net richteg ëmzesetzen, net zulescht duerch widderspréchlech an iwwerdriwwen Oplage vu verschiddenen Inspekteren. D’Roll vum Inspekter misst méi déi si vun der pädagogescher Ënnerstëtzung, a manner déi vun der Kontroll. Mir mengen, datt op all administrativen Aarbechtsopwand verzicht soll ginn, deen a kengem Verhältnis zum pädagogeschen Notze steet.

Mir wäerten och an Zukunft Problemer am Schoulbetrib konkret upaken.


Carrièren, Paien ...

Wat d’Carrièren an d’Paie vun de Chargé(e) de Coursen ugeet, grad sou wéi déi vun deenen, déi de CEP nogemaach hun bestinn och nach eng ganz Rei Problemer, iwwer déi mir am gaang si mam Ministère ze verhandelen. Mir wäerten doropper zréck kommen ...


Altersdécharge ...

A punkto Altersdécharge stinn dëst Joer wichteg Initiative vir, op déi mir och kuerzfristeg wäerten zréck kommen ...


 

Seitenanfang

email Vorschlagen