Stëmme vu Leit, déi wëssen, wourëms et geet ...
Berufskammerwahlen 2010
Jeannot Molitor, 45 Joer, Handwierker, Gaswierk vun der Stad Lëtzebuerg:
„Ech wiele bei dëse Wahlen de Landesverband, well et déi Gewerkschaft ass déi vun Ufank u ganz kloer géint Privatiséierung agetrueden ass a sech bestänneg an aktiv derfir agesat huet, fir déi ze verhënneren …“
Jean-Marie Schwaller, 51 Joer, technesche Beamten (Expéditionnaire), Elektrizitéitswierk:
„De Landesverband huet sech vill méi wéi aner Gewerkschaften fir d’Personal a géint d’Liberaliséierung engagéiert …“
Petz Hardt, 29 Joer, Handwierker, Elektrizitéitswierk, denkt un d‘Zukunft:
„De Landesverband ass schnell, informatif, kompetent, ëmmer präsent, sief et duerch Delegéiert oder Infoblieder. Eng gutt Arbecht geschitt duerch Handeln an direkt Opsichen vun de Responsabelen, dat mat de néidege juristesche Kenntnisser, ouni laang ëm de Bräi ze schwätzen. De Moment ass net do fir schlecht Kompromisser anzegoen, dofir brauche mir eng staark Ennerstëtzung a Vertriedung do wou et drop ukënnt…“
Serge May, 37 Joer, Berufspompjee, Gemeng Lëtzebuerg:
„Als Berufspompjee ruffen ech op fir de Landesverband ze stäerken, well hie sech am kloersten an am konsequentsten fir d‘Ofsécherung vun onsem Beruffsbild agesat huet an och weider asätzt …“
Misch Wagener, 55 Joer, Gärtner:
„Ech wielen de Landesverband, well si sech wierklech fir d’Leit asetzen an déi eenzeg waren, déi sech a mengem kriddlechen Dossier fir mech angesaat hunn – an dat mat Erfolleg ...“
Norbert Hirtziger, 59 Joer, Ingénieur-technicien, Elektrizitéitswierk:
De Landesverband lauschtert op d’Personal, setzt sich fir d‘Leit an, zitt sech net „ins stille Kämmerlein“ zréck. Et kommen kloer Aussoen, et gëtt eppes ënnerholl an Asaz gewisen. An dorop kënnt et un, grad elo, iwwerall do wou d’Gemengepersonal vertruede muss ginn …“
Chauvelier Patricia, 44 Joer, Agent municipal, Gemeng Lëtzebuerg
„Ech fannen et wichteg, datt de Landesverband gestäerkt gëtt, fir datt méi zesumme geschafft gëtt an datt mir bei der Erweiderung vun onse Kompetenzen net déi Drecksaarbechte maache mussen, déi anerer net méi maachen wëllen. Mir brauche méi Gerechtegkeet an onsem Betrib; all Mënsch seng Aarbecht soll respektéiert ginn, an mir sin och grouss genuch fir selwer ze décidéiren, wéini een AT annuléiert muss ginn, a wéini net …“
Christian Roden, 46 Joer, Administrative Beamten (Redakter), Biergerzentrum:
„Ech wielen den Landesverband, well et déi eenzeg Gewerkschaft ass, déi och a schwieregen Dossieren den Iwwerbléck behält, ëmmer den Interessi vum öffentleche Betrib vertrëtt a sech dobäi fir gutt Aarbechtsbedingungen vun all Mënsch asetzt. Et ass dofir wichteg, datt dem Landesverband seng Positioun och an der Commission Centrale verstäerkt gëtt, fir och am Innenministerium méi Gas kënnen ze ginn …“
Theo Bucheler, 47 Joer, Bus-Chauffeur Gemeng Lëtzebuerg:
„Et ass wichteg datt de Landesverband och an deene grousse Gremien, wou Décisiounen geholl ginn, gestäerkt gëtt, well nëmmen da kann sech eppes fir ons änneren, Vrun allem besser Aarbechtskonditiounen fir jiddereen, a géigeseitege Respekt. Et kann net ëmmer nëmmme vun uewen rof diktéiert an iwwert ons bestëmmt ginn, op ons geklappt an op Käschte vun den ënneschte Karriäre gespuert ginn …“
Schott Nico, 40 Joer, Bus-Chauffeur TICE:
„Duerch den Asaz vum Landesverband goufe beim TICE vill nei Chauffeuren agestallt, doduerch kann onse Congé lo mol ofgebaut ginn. Mir hu vill besser Déngschttouren kritt, woubäi mir oppasse mussen, datt duerch de Microbus-Programm elo net rëm Verschlechterunge kommen. Mir brauchen awer nach weider Chauffeuren fir de Congé ofzebauen, an och méi Kontrolleuren, déi ons um Terrain ënnerstëtze kënnen. Dofir ass et wichteg de Landesverband weider ze stäerken, an dat grad och an deenen nationale Gremien …“





Vorschlagen