Reunion RGE 09 vum 20. Februar 2009
Den Freideg 20ten Februar huet eng kuurzfristeg aberuffen Réunioun stattfont fir enner anerem iwert déi nei Bestemmungen vum RGE 09.14.03 (SFP non visible) ze discutéieren.Présent waren: Jaeger F. (Direkter), Flammang J-M (Chargé de Gestion), Goldschmit C. an Weber P. (Division Réglementation), Thull A. an Schambourg R. (Inspection), Schmitz J-P an Gries P. (Syprolux), Saurfeld R. an Rossi J. (FNCTTFEL).
Festgehaale gin ass:
1.Die Hären Jaeger an Flammang sin averstaan fir d’Bestemmungen vum RGE 09.14.03 erem réckgängeg ze maachen.D’Reglementatioun soll hei zesummen mam Här Flammang en Argumentaire ausschaffen fir dest esou schnell wéi méiglech ze réaliséieren.
D’Entreprise Ferroviaire (EF) muss awer och nach consultéiert gin.
Et sollen och esou séier ewéi méiglech SFR (Répétiteurs) opgestallt gin, do wou et néideg ass.
2. 1x am Joer soll eng Journée de Formation des Chefs de Circulation stattfannen.
3. Den Aarbechtsgrupp « RGE » soll erem ennert dem Viirsetz vum Här Flammang an d’Liewen geruff gin. Zesummesetzung : Mataarbechter aus der Réglementatioun an der Inspectioun, Fahrdienstleiter, Personalvertrieder an e Mataarbechter aus der Permanence. Dest soll esou séier wéi méiglech geschéien am Virfeld vun der Publicatioun vum neien RGE04.
4. Mataarbeschter vun der Division Réglementatioun sollen 2x am Joer 4 Stonnen praxisbezunn op engem Stellwierk verbréngen an 1x am Joer 4 Stonnen mat engem CEM matfueren.
Saurfeld Roger + Rossi John
Personal-an Ersatzpersonalvertrieder
GR vun der FNCTTFEL





Vorschlagen